Freitag, 5. Juni 2009

jQuery-Plugin: Watermarks without images

While developing OLEFA, adding and tweaking features, I wanted to do something with my input fields that is called watermark. Watermark is some sort of caption inside a form control, which disappears once you focus the control. As I searched around the Internet for ways to get this done I noticed that there is only one way to do that... using a background image that is.

Thinking about it, I decided it was not a good way to implement it. Not every web developer is an ace graphical designer or has a habit designing things (I, for instance, even have trouble creating icons from simple shapes) and, let's face it, most are too lazy to open up Photoshop or Gimp. And once you have it done, you better not change the design because you would have to change ALL the images to make it look consistent.

So, rather than opening GIMP and swearing a lot, I decided to implement it using a different approach with jQuery and wrote some Code. It uses the input value for the watermark text instead of the background image. The look of the watermark can be changed using a CSS class you define. I have written it as a plugin so it can be used like this:

jQuery(selector).watermark('here be text...','cssClass');

No fiddling around, it's all you need. If you are interested in the plugin, you can download it here.

I am also working on a documentation page with Examples so stay tuned ;)

Sonntag, 10. Mai 2009

Luxembourg Photoshooting - 014



An wou sin mer dess keier?

Léisung vun letzter Woch: klick hei.

Nei Spamwelle


Eigendlech fannen ech dass all normalen Mensch misst vum selwen drop kommen dass daatheiten Spam ass, mee nje... et dierf een net emmer optimistesch sin. Därdoote kreien ech vun 4-5 Leid, 5-6x den Daag. An emmer mei get mer bewosst wisou ech Spam haasen...

W.e.g. klickt keng esou links un. Am besten klickt guer keng Links un di dir net erwaard.

Donnerstag, 30. April 2009

EducDesign S.A.

Eng ganz wichteg nouvelle (zumindest emol fir mech): Ech hun bei Sales-Lentz gekennegt. Grond? Hun elo eng aaner Platz fonnd wou ech mech net mei muss mat ignoranten Clienten auserneen setzen. Schaffen also elo sait ufank Abrell bei EducDesign S.A. an sin nawell ganz zefridden hei. Hei bassde nach een Mensch an daat mescht vill aus op der Aarbeschtsplatz.

Allerdengs muss ech awer och soen dass di eischt 2 Wochen net di einfachsten waren. Ech hun innerhalb vun där Zait 2 nei Sproochen geleiert: Perl an Java. An dann nach hun ech mech am OLEFA missen eremfannen, een CMS mat dausenden vun Zeilen Code. War net graad einfach, mee mettlerweil hun ech eng routine. An der 3. Woch ass dann decideiert gin dass mer wellen ufänken AJAX an den OLEFA ze integreieren an dann konnt ech nach JavaScript an AJAX leieren, mee och daat "beherschen" ech mettlerweil.

Wann der ierch nach froot waat EducDesign iwerhaapt fir eng Firma ass: EducDesign mescht haaptsächlech Software fir (Primär)Schoulen. Pädagogesch äusserst wertvoll Aarbescht :P

Dienstag, 14. April 2009

Luxembourg Photoshooting - 013


Et huet ald erem laang gedauert mee waat soll ech soen, wann een eng 40h/woch op eemol huet dann huet een net emmer Zait. Mee doriwer eng aaner keier. Di wierkleg relevant Froo hei ass... Wou sin ech?

Léisung: Lilien, Mompach, Echternach
(Format: Uertschaft, Gemeng, Kanton)

Léisung vun letzter Woch: klick hei.

An nach eng keier Letzebuerg Privat

Ech hun mer fir dessen Artikel vill Zait geholl well ech eierlech gesoot net wosst ob ech kraischen oder laachen sollt... Ech hun mol keng loscht ze ziteieren, kuckt ierch den Artikel einfach emol un.

Lo freet een sech natierlech, waat di grouss Opreegung ass. Ganz einfach: Daat ganzt ass ouni meng Zoustemmung gelaaf. Main vollen Numm, main Duerf, meng Foto an meng perséinlech Meenung... alles ouni meng Zoustemmung. An "léiw" Letzebuerg Privat Redakteuren; Kommt net mat "Internet ass öffentlech" well och laut Google sin ech den Besetzer vum Content also brauch een nach emmer meng Genehmegung.

An et wier ald manner schlemm gewierscht wann et en direkt Zitat mat Referenz wier, well déi ass jo gsd nach mat drop. Amplatz steht do eng penibel schlecht nei-interpretatioun op Daitsch, di ald erem d'Wourecht verdréint an guer net ausseet waat wichteg ass. D'Froo ob ech am Recht sin? Am öffentlechen Transport ass et nunmol üblech dass een d'Recht huet bei Vandalismus oder perséinlecher Beleidegung een eraus ze geheien. An och dowéinter ass et zum groussen Nightrider Drama komm... an nach emmer net well sie sech gestridden hun oder haart gelaacht hun.

Mee ganz dervun oofgesin, wesst der waat daat bescht ass? Genau wi am Artikel firdrun, gouf ech vun engem Aarbeschtskolleg iwert den Artikel informeiert. Ech wosst guer net dass do eppes iwert mech stoung. Ech gouf emol net gefroot ob ech wierklech den Chauffer gewierscht wier. Souvill also zu den vertrauenswürdegen Quellen vum Privat.

Ech verbleiwen also bei menger Meenung, dass Letzebuerg Privat eng schlecht Zeitung ass, mat weinegen bis guer kengen Recherchen. Se gin hierer Pflicht net noo, iwert d'Wourecht ze berichten. Waat se brengen sin Kuerzgeschichten... an do hun ech Roald Dahl dann awer léiwer.

Sonntag, 15. Februar 2009

Letzebuerg Privat... emol ganz privat!


Ierd ech ufänken well ech ierch emol den Artikel weisen, deen meng Opmierksamkeet kridd huet. Nummereierungen dengen der Navigatioun vun den Kritikpunkten ennen am Post.

Auszuch aus der Letzebuerg Privat:

Es sollte für die sieben Frauen aus Echternach nach langer Zeit einmal wieder ein richtiger Abend der Extraklasse werden. Ihre Männer zu Hause - für die Kinder ein Babysitter organisiert und ab ging die Post ins Promilokal "Catclub" in die rue de l'aciérie in Hollerich. [ ... ] Der Night-Rider Bus ließ nicht lange auf sich warten. Im Gespräch mit Letzebuerg Privat berichten die Frauen aus Echternach: "Wir waren bestens gelaunt, als der Night-Rider Bus kam(1). Außer dem Busfahrer selbst und einer jungen Frau war keiner im Bus als wir eingestiegen sind(2). Nach kurzer Zeit hatten wir das Gefühl, dass die junge Frau die Freundin des Busfahrers war(3)."
Wie es halt in einer Gruppe von mehreren Frauen ist, wurden während der Fahrt Witzchen gerissen und viel gelacht(4). Doch das schien der jungen Frau, die schon vorher im Bus saß, überhaupt nicht zu gefallen(5). Das machte sie dem Busfahrer deutlich(6). Der machte kurzen Prozess(7). In Hollerich in der Kirche hielt er an, setzte die sieben Frauen kurzer Hand(8) vor die Tür und überlies sie ihrem Schicksal [ ... ]
"Für mich ist es normal, dass man in einem Night-Rider Bus mit einem etwas lauterem Lautstärkepegel rechnen muss. Außer Lachen und ein wenig Gequatsche haben wir wirklich nichts gemach. Und der schmeisst uns einfach raus(9) [ ... ] "

Quelle: Letzebuerg Privat 13-19. Februar 2009

An elo wellen mer emol e puer Punkten kloer stellen:
  • Den Chauffer deen se erausgeschmass huet war ech.
  • Dei Geschicht ass schlecht bis guer net rechercheiert. Hätten se bei Sales-Lentz gefroot, hätten se meng Fassung vun der Geschicht schon am viraus heieren.
  • Sie waren zu 7 Letzebuerger. Die 8. Persoun war eng em di enn-30er ufank-40er Franzousin, also ze aal fir meng perséinlech Viirléiften. Wisou ech Nationalitéiten nennen kridd der nach gewuer.
  • Wei gesoot ass di Geschicht minimal bis guer net rechercheiert. Hei ass zu e puer Punkten meng Fassung vun der Geschicht:
  1. (1) Liicht beschwippst
  2. (2) Mat "wir" mengen sie wuel sie, die 7 Leid. Daat stemmt net. Sie wollten Ufanks zu 8 eranklammen. Soumadder wieren mer zu 9+1Chauffer an der Camionette gewierscht, an daat dierf ech mat mengem B-Führerschein net fueren. Et huet iwer 5 Minutten gedauert, bis daat aarmt zousätzlecht Meedchen, waat amfong keen Stress wollt an en Taxi wollt huelen, sech konnt duerchsetzen an vum selwen erausgeklomm ass. Die aaner 7 wollten sie nämlech net erausloosen an wollten mech verbal dozou brengen zu 9 an der Camionette ze fueren. Ech hun mech geweigert, an do ass den Stress well lass gaang.
  3. (3) Wei sie dodrop wuel komm sinn... Ufanks hun ech mei mat hinnen geschwaat wei mat der franseischer Madame. Daatoen ass mir en Rätsel.
  4. (4) Ech well hei spezifizeieren iwert waat gelaacht gouf, nämlech iwwert dei franseisch Madame. Sprech wei "Hat ass bestemmt voll" "Ech hoffen daat katzt net" waren do nach dei harmlost.
  5. (5) Die franseisch Madame huet während deenen 8 Minutten, dei sie gebraucht hun fir eranzeklammen, der 4 geschloof, ierd sie vun enger vun den 7 Fraaen ongemittlech aus dem Schloof gerappt gouf. Tatsaach dass ech 8 Minutten (eranklammen) + 5 Minutten (diskutéieren wisou ech net mat 9 Leid fueren), also 13 Minutten hun missen op sie waarden war fir die franseisch Fraa natierlech net glecklech gestemmt. (Merke: Ech hätt do an sech schon kuerzen Prozess missen maan well ech dierf just 10 Minutten waarden)
  6. (6) Daat stemmt glaad an guer net. Ech hun hieren Streid fir weider 5 Minutten laafen geloos (daat wieren dann schon 18 Minutten retard en total). Die 7 letzebuerger Clienten sin an där Zait mat Sprech ewei "Schwetz letzeboiesch mat mir" an "Ech loosen mer naischt op franseisch soen" an och "Waat mess do an dessem Land?" komm. Waat die franseisch Madame zu där Zait gesoot huet kann ech, fairnesshalber, net mat absoluter Secherheet soen. Mir waren die rassistesch Aspekter, di alleng vun den 7 Fraen ausgaang ass, mei an d'Ouer gaang.
  7. (7) Do fehlt nach en ganzt Kapitel. Sie waren also um strieden (5 Minutten), bis mer daat ganzt dann awer zevill gin ass, perseinlech wi och berufflech (Retards). Ech hun zu beiden Parteien an hierer jeweileger Mammesprooch gesoot, se sollten sech packen wann se weilten um Nightrider matfueren, well ech ennert deenen Konditiounen net fueren weilt. Ab deem Moment waren beid Parteien dann och roueg an ech konnt mat masseg Retard endlech meng Fahrt usetzen. Knapp 40 Sekonnen mi speid (mer waren baal bei der Kiirch) kreien ech dann lues, awer daitlech ze heieren "... an daat alles nemmen weint der Klont di do fiir setzt...". Dorobshin hun ech sie nach eng zousätzlech keier Verwarnt, wourops ech dann die perséinlech Remarque "Arschlach" ze heieren kreien. An elo kennt den Part mam "kurzer Prozess".
  8. (8) Kurzer Hand wier schein gewierscht. Daat huet nach eng keier 5 Minutten gedauert an sie sin just erausgeklom well die franseisch Madame mat Police an enger Ukloo gedroht huet.
  9. (9) Dessen Video, deen vun Clienten opgeholl gouf, beweist dass mir Chaufferen keen erausgeheien well se en bessen am Bus feieren oder haart laachen. D'Chaufferen wessen wie et an engem Owend geet an sin waitaus schlemmeres gewinnt (z.b. Agressiounen vum Client well en mam Prais net averstaan ass)
Meng Conclusioun? Kannereien, gudd opgebauscht mat enger Prise Ligen. Daat ass Letzebuerg Privat. Fir mech waren et nach Gerüchter an ech hun mer geduet dass d'Leid iwerdreiwen wann se soen "Privat lidd nemmen". Me elo wu ech selwer mat betraff sin gesin ech inwiefern Letzebuerg Privat vun der Wourecht eweg lait. Eng Nouvelle an där Boulevard Zeitung ass genausuvill wert wi eng Geschicht di een vun engem Kolleg am Soff verklappt kridd. Ech wärt die franseisch Madame zumindest emol opklären, waat an enger Zeitung steht die sie net kann liesen.

PS: Se hun mer dermadd gedroht, daat hät Konsequenzen an se gingen bei Luxemburger Wort mat där Story goen. Duerno huet awer eent vun hinnen gesoot, sie sollten dach leiwer bei Privat goen, do ass et mei wahrscheinlech dass et dohinstoen kennt. Hmm... wisou wuel?